Jongbléiser - Garnecher Musek - Pompiers Fanfare Garnich

Waat get et neits?


 

E BUCH VUN DER GARNECHER MUSEK

Sprooch: Lëtzebuergesch an Däitsch

700 Säiten, haart Deckelen
Präis: 80,00 €
Zousätzlech Käschten fir an dat not Ausland ze verschécken: 25 €
 
Wou kritt een dëst Buch ze kafen? 
Iwwerweist einfach 80,00 € op de Konto vun der Garnecher Musek:
BCEE LU74 0019 2800 0580 3000
mat der Mentioun „Numm, Adress an Telefonsnummer“
 
oder kontaktéiert eis op der Telefonsnummer: 
+352 691 863 072 
Jeff PIRROTTE
 

GARNECHER QUIDDENDRËPP

Garnecher Musek huet am Hierscht 2020 nees eng Quiddendrëpp ugesat, déi mir Iech zum Kaf ubidden.

 

 
Eis Quiddendrëpp ass eng douce, séiss an 100% natierlech Ugemaachten mat 40% Alkohol an ass ausgezeechent mam Logo "Leader Regioun Lëtzebuerg West".

·    0,75  Liter Fläsch / 20€  

Si Dir interesséiert un eiser Drëpp ?  

Da gitt eis Är Bestellung duerch: quidden@garnechermusek.lu


 



Jongbléiser


 

Salut, hei si mir…

...d’Jugend vun der Garnecher Musek. Dir frot Iech villäicht, firwat mir eng Säit um Site vun der Garnecher Musek kritt hunn? Ganz einfach, mir maachen e groussen Deel vun der Musek aus, wëll mir sinn zu 40, zudeem eng ganz flott Equipe a mir sinn d’Zukunft vum Veräin.

Eise Jugendensembel gouf 2002 gegrënnt a steet ënnert der Direktioun vun eisem Chef de Musique, dem John SCHNEIDER. Hien ass ganz an der Rei a jäizt ni, och wa mir hie muenchmol ganz schéi rose maachen. Am Laf vun der Saison spille mir eng Rei Concerten, esou zum Beispill Sonndes Mëttes um Garnecher Hamefest.

Mir maachen nieft eisen Optrëtter och regelméisseg e coole Stage. Do gëtt kräfteg musizéiert, mee och Fräizäit, Frëndschaft an e ganze Koup Spaass kommen net ze kuerz. Esou direkt kann een allerdéngs net bei eis kommen, et muss een nämlech am 3. Joer Solfège an am 2. Joer Instrument sinn. Also, fir d’éischt Musek léieren, an de Musekscourse vun der Garnecher Gemeng, enger regionaler Museksschoul oder engem Conservatoire.

Zënter dem 27. Oktober 2007, bei Geleeënheet vum Concert fir eis 5 Joer ze feieren, hu mir en neien Numm : ënnert eise Musikanten hate mir e Concours lancéiert a mir heesche säit deem „Garnecher Jongbléiser“.

De 4. Mee 2008 hu mir, d’Garnecher Jongbléiser um UGDA Museksconcours Geschicht geschriwwen : mir krute souwuel am Morceau Imposé wéi op eisem Programme au Choix é „PREMIER PRIX AVEC GRANDE DISTINCTION“ an der 2. héchster Kategorie.  Op dës Auszeechnung si mir besonnesch houfreg.

Zënter dem Hierscht 2016 huet de Laurent PETERS, selwer Musikant an der Garnecher Musek, d’Direktioun vun der Garnecher Jongbléiser iwwerholl. Offiziell krut de Laurent um Gala Concdert den 18. Mäerz 2017 d’Direktiouns-Baguette iwwerreecht.
Wann also ee vun de jonken Internet Surfer Loscht kritt huet, da lass, aschreiwen, Solfège maachen, en Instrument léieren an da gesi mir eis geschwënn…….. bei de Jongbléiser !

Bis dann…….

D’Garnecher Jongbléiser