Waat get et neits?
E BUCH VUN DER GARNECHER MUSEK
Sprooch: Lëtzebuergesch an Däitsch
GARNECHER QUIDDENDRËPP
Garnecher Musek huet am Hierscht 2020 nees eng Quiddendrëpp ugesat, déi mir Iech zum Kaf ubidden.
Eis Quiddendrëpp ass eng douce, séiss an 100% natierlech Ugemaachten mat 40% Alkohol an ass ausgezeechent mam Logo "Leader Regioun Lëtzebuerg West".
· 0,75 Liter Fläsch / 20€
Si Dir interesséiert un eiser Drëpp ?
Da gitt eis Är Bestellung duerch: quidden@garnechermusek.lu
Informatiounen
Koordinatioun vun der
Musekschoul vun der Gemeng Garnech:
(Formatioun an Zesummenaarbecht mat der UGDA-Musekschoul)
Marc Olinger
1, rue de Kahler
L-8369 HIVANGE
Tel. 26 37 50 83
E-mail : Marc Olinger
Informatiounen an Aschreiwung:
Postadresse vun der Musek:
Garnecher Musek A.s.b.l.
c/o Chantal Alzin
8, a Pieren
L-8353 Garnech
E-mail: Chantal Alzin
Postadresse vun de Jongbléiser an der Jugendkommissioun :
Garnecher Musek A.s.b.l.
c/o Chantal Alzin
8, a Pieren
L-8353 Garnech
E-mail: Michèle Kayl
Adresse vum Museksall
Ancienne Chapelle Hivange
Rue de Garnich, Hivange
Museksprouwen: Denschdes 19:30 - 21:30
Green Events
Am Kader vun de „Green Events“ wëlle mir an Zukunft eis Evenementer, déi mir als Garnecher Musek organiséieren, méi nohalteg gestalten. Fir eisen ekologesche Foussofdrock esou kleng wéi méiglech ze halen, versiche mir de Verbrauch vu Ressourcen ze reduzéieren, an op ekologesch, lokal/regional, bio a fair gehandelt Produit’en zréck ze gräifen.
Speziell fir d’Garnecher Hamefest den 28. an 30. Juni huele mir dofir folgend Moossnahmen:
- fir eist Iessen benotze mir Mehrweg-Geschier (Besteck, Telleren a Schosselen), a fir d’Gedrénks Mehrweg-Glieser an –Taasen;
- e groussen Deel vun eisem Iessen a Gedrénks ass lokal/regional, bio oder fair gehandelt;
- mir verzichten op Plastik, do wou et méiglech ass;
- mir reduzéieren eise Reschtoffall andeems mir den Offall richteg trennen a recycléieren;
- eis Beliichtung gouf komplett op LED ëmgestallt;
- eis T-Shirten si fair an ekologesch produzéiert;
- a mir benotzen ekologescht Spull- a Botzmëttel, souwéi Hygiènespabeier.
Mobilitéit
Mir encouragéieren Iech, amplatz Auto op alternativ Transportmëttel zeréckzegräifen.
· Bus: de nooste Busarrêt „Botterkräiz“ läit manner wéi 100 Meter ewech. Buslinnen 821 a 750 bleiwen hei stoen. Info’en iwwer Bustrajet’en fannt dir op mobilitéit.lu.
· Velo: et gëtt e Velosparking niewt dem Zelt.
· Wann Dir mam Auto kommt, da recommandéiere mir de Covoiturage.
E grousse Merci un den Oekozenter Pafendall fir hir formidabel Ënnerstëtzung. Méi Informatiounen iwwer „Green Events“ fannt Dir op greenevents.lu.