Geschicht - Historique - Garnecher Musek - Pompiers Fanfare Garnich

Waat get et neits?


 

E BUCH VUN DER GARNECHER MUSEK

Sprooch: Lëtzebuergesch an Däitsch

700 Säiten, haart Deckelen
Präis: 80,00 €
Zousätzlech Käschten fir an dat not Ausland ze verschécken: 25 €
 
Wou kritt een dëst Buch ze kafen? 
Iwwerweist einfach 80,00 € op de Konto vun der Garnecher Musek:
BCEE LU74 0019 2800 0580 3000
mat der Mentioun „Numm, Adress an Telefonsnummer“
 
oder kontaktéiert eis op der Telefonsnummer: 
+352 691 863 072 
Jeff PIRROTTE
 

GARNECHER QUIDDENDRËPP

Garnecher Musek huet am Hierscht 2020 nees eng Quiddendrëpp ugesat, déi mir Iech zum Kaf ubidden.

 

 
Eis Quiddendrëpp ass eng douce, séiss an 100% natierlech Ugemaachten mat 40% Alkohol an ass ausgezeechent mam Logo "Leader Regioun Lëtzebuerg West".

·    0,75  Liter Fläsch / 20€  

Si Dir interesséiert un eiser Drëpp ?  

Da gitt eis Är Bestellung duerch: quidden@garnechermusek.lu


 



Geschicht - Historique


Geschicht vun 1919-2019

D’Garnecher Musek , en Häerzstéck vun eiser Gemeng

Wann een mat esou engem Schlagwuert op d’ Tromm schléit, da verlaangt dat schonn no enger erklärender Argumentatioun:

Et muss ee bedenken, dass d’ Gebuertsstonn vun der ‘Pompiers-Fanfare Garnich’ zwar op d’ Joer 1919 datéiert ass, mä wéi den Numm, op den d’ Kand gedeeft gouf, et verréit,  huet awer schonn virdrun ee ganz wichtegen vu  senge Bestanddeeler existéiert, an zwar d’ Pompjeeën.

Wann ee weess, dass d’Garnecher Musek aus de Pompjeeën eraus entstan ass, da schéngt et engem och kloer, dass de Succès vun dem Veräin zimlech geséchert war. D’ Pompjeeën selwer waren nämlech 1898 aus der Nout eraus gebuer, dëst well et an eiser Gemeng zu dier Zäit anormal oft zu groussen Hausbränn koum war, sou opfälleg, dass sech souguer an der Stad op Regierungsniveau iwwert dësen Ëmstand Gedanke gemaach gi war. Et war duerfir och keen aneren, wéi den deemolege Buergermeeschter a spéideren Député-Maire Jacques SCHMITZ, deen d’ Initiativ ergraff hat, andeems hien eng Biergerversammlung ageruff hat, mam eenzegen Zil, e Pompjeescorps ze grënnen an eng Waassersprëtz unzeschafen.

Et war also de Buergermeeschter, deen d’ Bierger opgeruff huet, ze handelen, d.h. d’Awunner waren direkt un der Grënnung vun de Pompjeeën bedeelegt, an hunn dëst och an engem gewësse Sënn souguer, op Member oder nit, mat finanzéiert, well fir d’ Uschafung vum Material d’ Grondsteier souwéi d’ Mobiliarsteier ëm 15% gehéicht gi sinn, wou d’Uertschaften Héiwéng an Duelem mat ageschloss waren. (Koler gouf hei nit mat ageschloss, well mat den deemolegen materielle Méiglechkeeten, e Brandasaz zu Koler duerch déi schlecht Verbindung nit efficace genuch hätt kënnen duerchgefouert ginn, eleng als Siren huet déi Zäit d’ Kiircheklack missten fungéieren, déi een awer kaum bis op Garnech héieren huet. Koler krut dunn 1914 säin eegene Corps)

Et war also iergendwéi normal, dass 1919, wéi d’Pompjeeën, ëmmer nach geféiert vum President Jacques SCHMITZ, awer och ënnert dem Impuls vum energeschen Kommandant Jean-Pierre SCHREINER, de Wonsch ausgesprach hunn, et aneren Dierfer gläich ze maachen an eng Musek ze grënnen, dass dunn d’ Begeeschterung ënnert den Awunner zimlech grouss war, sou dass bal aus all Haus wéinstens een sech gemellt huet, fir hei matzemaachen.

104 Memberen haten sech ageschriwwen, wat ëmmerhin duergaang ass, fir genee d ’Halschent, also 52 Musikanten op d’ Pult ze kréien. Nit schlecht fir en Ufank, an nëmme wann ee weess, dass een op d’ Ënnerstëtzung vun den Duerfleit ziele kann, da kann een de Risiko agoen, fir 13382 Frang zu Arel Instrumenter ze bestellen, an der Hoffnung déiselwescht mat Hëllef vun enger Tombola, wou erëm eng Kéier all Haus bereet war Artikelen ze spendéieren, iergendwéi bezuelt ze kréien.

D’ Musikanten selwer hunn ufanks nach emol weider an d’ Täsch misste gräifen, well hinnen e monatleche Bäitrag gefrot ginn ass. Schliisslech huet jo och nach den Dirigent Gusty GOERGEN, e Militärmuseker, misste finanzéiert ginn.

Wa mer haut, also genee honnert Joer méi spéit, frou sinn, erëm ronn 50 Musikanten zielen ze kënnen, da muss een relativéieren a bedenken, dass diemools  keng Meedercher hunn dierfen an d’ Musek kommen, et war fir déi Zäit normal, dass den Opruff fir an d ’Musik ze kommen,  exklusiv de Jongen resp. de Männer gegoll huet, eppes, wat haut guer nit méi denkbar wier. Haut si mer natierlech frou, dass dat nit méi sou ass an tëschent Musikant a Musikantin keen Ënnerscheed méi gemaach gëtt.

            Souwäit zur Gebuertsstonn vun der ‘Pompiers-Fanfare’.

D’ Musek  huet sech no an no en Numm gemaach, nit nëmmen hei heem, mä och auswäerts goufe Concerten gespillt. Et gouf Manifestatiounen agefouert wéi z.B. de Chrëschttheater (D’Bëschfest war schonn 1915 vun de Pompjeeën an d’Liewe geruff ginn), déi nach Jorzéngten laang agesiëssen Traditiounen an e feste Bestanddeel am Kalenner, nit nëmme vun eisem Veräin waren, mä déi och bei de ville Gäscht aus der Gemeng an iwwer hier Grenzen eraus, beléift waren. Wann een e Réckbléck mécht, da kann een och nit verstoppen, dass et och Krisenzäiten gouf. Sou waren z.B. déi 1930er Joren gewëss keng einfach. Et gouf kaum eng Period wou de Presidentestull sou oft gewackelt huet an och nei besat ginn ass.

Och den 2te Weltkrich huet seng Spueren hannerlooss, d’ Instrumenter ware verschwonn, d’ Pompjeeën ënner preisescher Regie a vu Veräin keng Rieds méi. 1946 gouf erëm quasi bei null a gläich mat Neiwalen ugefaang. Et huet och geheescht, keng Zäit ze verléieren, well zwee Joer méi spéit de 50. Jubiläum vun de Pompjeeën virun der Dier stoung. Dëse Gebuertsdag gouf grouss opgezunn, mat neien Uniformen a mat engem neie Fändel, den ageweiht an och uerdentlech ageseent gouf.

D’ Pompjeesmusik, déi jo, wéi  uganks ervirgehuewen, nit zulescht ënnert dem Afloss vun der Gemeng an d’ Liewe geruff gi war, also am Numm vun der Allgemengheet, war naturgetrei nit ëmmer komplett aus der Gemengepolitik erauszehalen. Déi meescht grouss Familljen aus der Gemeng waren iergendwou mat der Musek verstréckt an natierlech war de gréisste Veräin aus der Gemeng och en idealt Sprangbriet fir déi Leit, déi de Schrack an d’ Gemengepolitik wollte woen. Sou koum et och alt zu Konflikter, sou wéi an den 1950er Joren, wou et een Ament gouf, wou d’ Zukunft vun eben dësem grousse Veräin um seidene Fuedem hung. Mä och dës Kris gouf gemeeschtert an et koum zu engem neien Elan. Dësen Opschwonk war awer och dem Ëmstand geschëllt, dass endlech och Musikantinnen am Veräin opgeholl goufen, wat der Atmosphär am Veräin mat Sécherheet gutt gedou huet.

Duerno koumen eng Rei Joren vun der Kontinuitéit, ausser dass den Dirigententaktstaw opfälleg oft weidergereecht gouf. Ervirzehiewen aus dëser Zäit ass mat Sécherheet dat éischt Zeltfest bei der aler Molkerei, dat 1965 organiséiert gouf.

 Et war ausgerechent dat Joer  vum 50. Anniversaire vun der Musik wou eng Zäit agelaut huet, déi een haut ouni ze iwwerdreiwen als eng Ära bezeechne kann. Reckbléckend kann ee soen, dass déi zwee wichtegst Posten an eiser Musik hei fir bal dräi Jorzéngt agefruer goufen, an zwar déi vum onermiddleche President Aloyse MASSARD, den 27 laang President bleiwe sollt, an den Jean-Marie REDING, den souguer 32 Joer laang den Dirigentenstaw fest am Grëff hat, an deem déi Garnecher Musek esou un d’Häerz gewuess ass, dass hien sech selwer gären als Garnecher bezeechent huet.

Et war dëst eng Zäit vun den Neierungen, souwuel wat de Manifestatiounskalenner ubelaangt, wéi wat de musikaleschen Deel betrëfft. 1971 huet eis Musik sech eng éischte Kéier op engem UGDA-Concours (Bouneweg)  konnte klasséieren a vun 1972 un war aus dem Zeltfest en Hamefest ginn. Dëst war eng wichteg Neierung, well et Zeltfester iwwerall gouf, en Hamefest awer just zu Garnich. Nëmmen esou konnt een dat Zil erreechen, dat d’ Hamefest nach haut ass, an zwar eng wäit iwwert d’ Grenzen vun eiser Gemeng eraus bekannten a beléiften Traditioun, fir déi sou munnech Museksveräiner, souwuel wat dat organisatorescht Geléngen ubelaangt, wéi och wat de Succès bei eise Gäscht betrëfft, eise Veräin bewonneren.

Mat den 1980er Joren koum déi Zäit, wou d’ Jugend an all déi, déi sech dozou gezielt hunn, landeswäit déiselwescht Orchesteren opgesicht hunn. Nimm wéi ‘The Fascinations’, ‘The Challengers’, ‘New Baby Cham’s’ asw. hunn op er Affiche vun engem Fest nit dierfe feelen, wann de Succès net sollt ausbleiwen.

Dëst huet nit nëmmee e  logisteschen Opwand, méi e grousst Zelt, méi Plaz, méi Parkplazen asw. nogezunn, mä och méi e signifikante Käschtepunkt bedeit, wou de Virverkaf vun den Entréesbiljeën z.B. eng wichteg Garantie war, fir dass d’ Comitésmemberen nach virum Fest eenegermoosse roueg schlofe konnten. Jorzéngtelaang war en eenzegaartegen Ee-Mann-Orchester de Garant dofir, dass och en Owend oder Sonndesnomëtteg all Altersklassen mateneen d’ Hamefest genéisse konnten, mat lëtzebuerger Volléksmusik virgedro vun engem Italiener, dem ‘Fausti’.

Musikalisch gouf déi Period vun de Galaconcerten agelaut.

 Legendär ass déi Editioun vun 1990, wou e schroen Stuerm zou engem Stroumausfall gefouert huet an d’Musek während dier Zäit iwwer 10 Sekonne laang mat dem Stéck ‘Aida’ an der Däischtert virugespillt huet bis d’ Luucht erëm ugaang ass a just den Dirgent ontäteg do stung a beméit war, sech an den Nouten erëmzefannen. Dës Galaowender waren ëmmer eng Erausfuerderung fir den Dirigent a seng Musikanten, fir ze kucken, wat een deene selweschten vu Stécker a Solien zoumudde konnt.

Eng aner grouss Erausfuerderung huet sech um Horizont ofgezeechent, wou eise Veräin awer gutt dru gedou huet, se nit ze iwwerstierzen, fir se schlussendlech mat der néideger Rou a Sachlechkeet duerchzezéien, et war dëst d ’Trennung vun der Musek an de Pompjeeën. Et  war laang gewosst, dass d’ Pompjeeswiesen eleng ewell sou komplex gi war, sou dass, fir de richtegen an apropriéierten Ëmgang mam ëmmer méi opwännegem Material, och eng dem entspriechend Ausbildung erfuerdert war. Et war grad esou kloer, dass een nit esou ouni Weideres trenne konnt, wat jorzéngtelaang zesumme gewuess ass an och esou gutt funktionéiert huet. An engem beschtens duerchduechten Iwwergangsprozess huet eise Veräin och dësen Défi gemeeschtert.

Et muss een aus  dëse Joren awer och d ’Grënnung vum Supporterclub vun der Musek ervirhiewen, deen, wann et hien och haut nit méi gëtt, eng Rei Joren der Musek nit nëmmen trei zur Säit stoung, ma eise Veräin och tatkräfteg a finanziell ënnerstëtzt huet.

De laangjährege President Aloyse MASSARD gouf 1996 duerch den Aloyse AREND ersat, deen, grad ewéi säin Nofolger Nico HEIRENS, iwwer e Jorzéngt laang d’ Leedung vum Veräin sollt iwwerhuelen.

De Jordausendwiëssel huet fir eis Musek och den Dirigentewiëssel ugekënnegt, a sou huet de Jean-Marie REDING 2001 den Taktstaf un de John SCHNEIDER iwwerdro, deen haut nach mat vill  Sachkompetenz an Energie déi grouss Musek musikalesch féiert. Jo, Dir hutt richteg gelies, ‘déi grouss Musék’. Dem John säin Dädda war vun Ufank un d’ Jugendaarbecht a sou koum et, dass, staark begënschtegt vun der Museksschoul, déi ëmmer méi jonk a gutt  Musikanten direkt op eis Noutepulter gespullt huet,  den Undrang sou grouss ginn ass, dass dëst zou enger wëllkommener Konsequenz gefouert huet, an zwar dem Schafen vun enger Jugendmusek, déi ënnert dem Numm ‘Garnecher Jongbléiser’ souw  uel nieft, wéi och an eiser Musek hir fest Plaz fonnt huet.

 E jonke Musikant fänkt also an de Jongbléiser un, wou hien och schonn zu éischten Optrëttserfahrungen kënnt, bis hien dann endlech räif ass fir am groussen, respektiv eng Rei Joren a béiden Orchesteren ka matspillen. Déi éischt Joren huet de John béid Orchesteren dirigéiert, bis hien 2017 d’ Direktioun vun de Jugendbléiser un een Mann aus den eegene Reihen konnt viru ginn, an zwar un de Laurent PETERS. Héichpunkt war ouni Zweifel eng éischt Plaz bei engem Jugendmuseksconcours vun der UGDA, déi mat engem Optrëtt bei groussem Publikum an der fonkelneier Stater Philharmonie belount gouf, en onvergiessleche Moment, nit nëmme fir eis jonk Musikanten.

Vergiesse mer awer och nit, dass d’ Museksschoul och ëmmer méi eng grouss finanziell Charge fir eis Gemeng bedeit. De Gemengeverantwortlechen war vun Ufank un bewosst, dass dëst eng grouss, awer och eng sënnvoll Ausgab wier, déi si nit bereien géifen, well si sech der Bedeitung vun der Musek u sech, awer och vun der sozialer Funktioun vun der Garnecher Musek an eiser Gemeng voll a ganz bewosst sinn.

Mat dëse Wierder kéim ech gären erëm bei den Titel vun dësem Historique.

D ’Relatioun tëschent der Gemeng, also der Allgemengheet an der Musék kann een als e géigesäitegt Kréien a Ginn bezeechnen, an et ass zu gudder Läscht dat, wat allebéid zesummeschweesst:

E grousse Veräin mat all senge grousse finanziellen, permanenten Ausgaben wéi eis Musek, ass mat Sécherheet frou, op der Gemeng hier Ënnerstëtzung zielen ze kënnen.

Op der anerer Säit gëtt d’ Musek der Allgemengheet op hier Aart a Weis awer och villes zréck: Bei all kierchlechen wéi och weltlechen Fester a grousse Feierlechkeeten dierf keng Musek feelen: Prozessioun, Marsch, Concert, Nationalhymne, oder och ganz einfach en Touche, d’ Musek war ëmmer prett, wann se gefrot gouf.

Wann d’Leit fréier gesot hunn : “Mer muss op de Poumpjen hirt Fest goen fir se ze ënnerstëtzen, et kann een ni wëssen, op een si (d’Pompjeeën) nit emol muss hunn”, dann hu sie domadder och d’Musek gemengt. Nun dat ass zanter der Trennung elo nit méi de Fall.

Mä d’ Musek huet längst eng ganz aner Funktioun an der Gesellschaft iwwerholl: D’ Jugendveräiner, déi et zanter den 1970er Joren an eiser Gemeng goufen, sinn, mat eenzeger Ausnam vum ‘Club des Jeunes Koler’ , alleguer mëttlerweil verschwonn. D’ Musek awer ass e grousse Veräin, deen d’ Jugend opfänkt an dëst an engem seriösen Encadrement. An engem Zäitalter vu Computer, Internet, Playstation an Handy sinn d ’Elteren hei sécher, dass hir Kanner eppes Sënnvolles, zesumme mat Erwuessenen, an hirer Fräizäit maachen. Et ass dëst eng Struktur, wou hinnen nit nëmme Musek, mä och nach ganz aner Wäerter, déi hinnen am Liewen kënnen e Plus bréngen, bäibruecht ginn. Hei kënnen si nit zulescht scho fréi léieren, an engem Comité Verantwortung ze iwwerhuelen a si gesinn hannert d’Kulissen vun enger grousser, gutt gefouerter Sociétéit.

Ganz bewosst hunn ech am Abschnitt, deen d’ Hamefest behandelt, de Sonndegmëtteg mam Mëttegiessen an de Concerten am Nomëtteg, nit ugeschnidden, well ech fonnt hunn, dass och dëst Evenement heihinner gehéiert.

D’ Duerfleit kréien  och mat dëser Manifestatioun eng Géigeleeschtung fir hier Ënnerstëtzung am Laf vum Joer. Den Hamefestsonndeg ass fir vill Leit zu engem Konveniat ginn, wou een Leit gesäit, déi een gären, ma eben just nach do all Joer trëfft , ouni sech musse Rendez-vous ze ginn. Dëst zielt souguer fir Leit, déi vun auswäerts vun eiser Gemeng sinn. An eleng dat ass e Rezept, fir dat déi Garnecher beneit ginn. Oft gëtt ee gefrot vun den invitéierte Musikanten, déi op d’ Hamefest Concert spille kommen, wéi déi Garnecher et fäerdeg kréien, en Zelt eleng mat Concerten op der Affiche, e ganzen Dag laang esou voll ze kréien.

An och dëst Kapitel dierf een nit schléissen, ouni vun der Geleeënheet ze profitéieren, deene ville Leit eis Dankbarkeet auszespriechen, déi  direkt, indirekt oder guer näischt mat eisem Veräin ze dinn hunn, an awer all Joer erëm hëllefe kommen. Och heirunner erkennt een, dass d’ Hamefest längst nit nëmmen e Fest vun engem Veräin, mä e Fest vun engem ganzen Duerf an souguer vun enger ganzer Gemeng ginn ass.

Eis Musek huet sech awer och virun dräi Joer nei Statute ginn, wat sech jo och duerch d’ Trennung vun de Pompjeeën opgedrängt huet. Aus der ‘Pompiers-Fanfare’ gouf ganz einfach d’ ‘Garnecher Musek’. Heimadder huet si sech och ganz bewosst nit festgeluecht, a wéi eng musikalesch Richtung et soll goen: Fanfare bleiwen oder éischter d’ Richtung Harmonie aschloen. Et ass eben och heiansdo eng gutt Entscheedung, sech nit ze entscheeden. Jiddefalls huet den heitegen Dirigent, grad ewéi schonn säi Virgänger, de musikaleschen Goût vun eisem Publikum nach ëmmer getraff.

 

Et bleift just ze hoffen, dass dëst Häerzstéck nach laang Joren am selwëschte Rhythmus schléit wéi elo, an dass déi Verantwortlech, genee wéi an der Vergaangenheet, ëmmer déi richteg Décisiounen huelen, fir dass dat Häerzstéck nit aus dem Takt geréit.                                    

Joël LUX, laangjährege Musikant