Welkomm op garnechermusek.lu - Garnecher Musek - Pompiers Fanfare Garnich

Waat get et néits?


Gewënner vum Virverkaf Hamefest


COR an TROMBONN Spiller

Fir eis Reien direkt ze verstäerken an d’Klangfaarf ze completéieren, siche mir

zousätzlech Cor- an Trombonn-Spiller.

Och Musikanten déi aner Instrumenter geléiert hu si wëllkomm.

 

Mir hunn Dënschdes a Freides Prouf vun 19:30 – 21:15 Auer zu Garnech am Musekssall, sinn eng jonk an dynamesch Equipe vu 40 Musikanten a stinn ënner der Direktioun vum John Schneider.

 

Sidd Dir interesséiert ?

Da mellt Iech beim Chantal Alzin, Sekretärin Garnecher Musek A.s.b.l.

chantal.alzin@garnechermusek.lu

Dir sidd och wëllkomm an eng Museksprouf luussen ze kommen.


GARNECHER QUIDDENDRËPP

SOLD OUT
Garnecher Musek huet am Hierscht 2016 nees eng Quiddendrëpp ugesat, déi mir Iech zum Kaf ubidden.

 

 
Eis Quiddendrëpp ass eng douce, séiss an 100% natierlech Ugemaachten mat 40% Alkohol an ass ausgezeechent mam Logo "Leader Regioun Lëtzebuerg West".

D'Quiddendrëpp ass a verschidde Fläschen agefëllt :
·    dekorativ 0,5 Liter Fläsch / 13€
·    1 Liter Fläsch / 18€  

Si Dir interesséiert un eiser Drëpp ?  

Da gitt eis Är Bestellung duerch: quidden@garnechermusek.lu


 



Welkomm op garnechermusek.lu


Léif Memberen, Frënn a Kollege vun der Garnecher Musek,

Op dese Säite fand dir eng ganz Reih vun Informatiounen a Neiegkeeten iwwert eise Veräin, iwwert eis Jongbléiser an iwwert eis Veräinsgeschicht.

Vill Spass ...

Fotos: Gala Concert 2018

Garnecher Musek

Garnecher Jongbléiser