Directioun - Garnecher Musek - Pompiers Fanfare Garnich

Waat get et neits?


 

FÄNK DER ENG HAX
9. November 2024
 
 
 
E GROUSSE MERCI UN EIS PARTNER
 
 

E BUCH VUN DER GARNECHER MUSEK

Sprooch: Lëtzebuergesch an Däitsch

700 Säiten, haart Deckelen
Präis: 80,00 €
Zousätzlech Käschten fir an dat not Ausland ze verschécken: 25 €
 
Wou kritt een dëst Buch ze kafen? 
Iwwerweist einfach 80,00 € op de Konto vun der Garnecher Musek:
BCEE LU74 0019 2800 0580 3000
mat der Mentioun „Numm, Adress an Telefonsnummer“
 
oder kontaktéiert eis op der Telefonsnummer: 
+352 691 863 072 
Jeff PIRROTTE
 

GARNECHER QUIDDENDRËPP

Garnecher Musek huet am Hierscht 2020 nees eng Quiddendrëpp ugesat, déi mir Iech zum Kaf ubidden.

 

 
Eis Quiddendrëpp ass eng douce, séiss an 100% natierlech Ugemaachten mat 40% Alkohol an ass ausgezeechent mam Logo "Leader Regioun Lëtzebuerg West".

·    0,75  Liter Fläsch / 20€  

Si Dir interesséiert un eiser Drëpp ?  

Da gitt eis Är Bestellung duerch: quidden@garnechermusek.lu


 



Directioun


Garnecher Musek

Uilson Castro

 

Photo: BBS/MB

De Uilson Castro staamt ursprénglech vu Schëffleng, wou en am lokale Museksveräin seng éischt musikalesch Schrëtt gemaach huet, parallel vu senger Ausbildung am Escher Conservatoire. 
 
Als Solist um Euphonium huet hien u verschiddene Concoursen deelgeholl an ass mat villen Museken aus dem Land opgetrueden.
 
Nodeems hien iwwer 20 Joer am Privatsecteur täteg war, huet hien decidéiert sech ganz senger Leidenschaft, der Musek ze widmen a gouf, no de verschidden Admissiounstester, zu Bern (CH) an der Konschthéichschoul ugeholl. 
 
An der Klass vum Thomas Ruedi huet hien Euphonium studéiert a beim Rolf Schumacher Direktioun. 
 
Wärend sengem Studium an der Schwäiz konnt hien och mat verschidde Formatiounen Dirigeiererfarungen sammele, vum Blosorchester, iwwert d’Brass Band bis hin zum Sträichorchester.
 
Säit dem September 2023 ass en den Dirigent vun zwee Museksveräiner, d‘Harmonie Rolléngergronn an d’Garnecher Musek.
Letztendlech, ass den Uilson als Enseignant zu Iechternach an zu Déifferdeng an de respektive regionale Museksschoulen ze fannen.

 

Garnecher Jongbléiser

Laurent Peters